Häerzlech wëllkomm op der Käler Musek hirer Websäit!
D'Käler Musek besteet zanter 1888 an zielt am Moment 50 aktiv Memberen.

Eis Prouwen ginn zu Käl an der Bannmillen (rue du Moulin) um zweete Stack all Dënschden vun 19:00 bis 21:00 an Freiden vun 19:30 bis 21:30 vun eisem Chef, dem Laurent Bauvin, ofgehalen.
Donieft féiert d'Käler Musek zanter 2010 eng Schülerband. An dësem Ensembel spille kleng, jugendlech sou wéi erwuessen Musekschüler ënnert der Leedung vum Marc Gillet.
Zu eisen regelméissegen Aktivitéiten gehéieren nieft Cäcilienconcert (November), Stage (Abrëll) an Galaconcert (Abrëll) och sëllechen Concerten an Sortien uechtert d'Land, souwéi eis traditionell Kermesse Flamande (Juni) an d'Quetschefest (September).
Eis Dier steet fir jiddwereen op, deen u Musek seng Freed huet. Zéckt net fir eis ze kontaktéieren!
Är Käler Musek