Eisen Dirigent de Sandro Bucciarelli
De Sandro Bucciarelli ass 1989 gebuer an huet seng éischt musikalesch Schrëtt an der UGDA Musekschoul zu Monnerech gemaach, éier hien als Saxophonist an de Reie vun der Monnerecher Musek gespillt huet. Seng musikalesch Ausbildung huet hien dunn an den Escher Conservatoire gefouert, wou niewt Saxophonscouren och nach d'Fäscher Solège, Déchiffrage, Percussioun, Chant classique, Musique de Chambre, Piano, Direktioun an Orchestratioun, Harmonie a Museksgeschicht beluet huet.
Och säi schoulesche Wee sollt séier eng musikalesch Nues kréien, an esou ass de jonke Museker am Landesgymnasium Rheinland-Pfalz an d'Schoul gaangen an huet um Dr. Kochs Konservatorium Frankfurt Coure beluet.
Als Museker huet hien a ville Formatiounen zu Lëtzebuerg an iwwert Grenzen eraus matgespillt an ass mat prestigiéise Präisser ausgezeechent ginn, ënnert anerem 2006 mat engem 1. Präiss mat "grande distinction" am däitsche Concours "Jugend musiziert", en engem Prix SACEM 2001 an 2002 mat der Mentioun "Excellent". Säi musikalescht Kënnen huet hien a ville Workshops a Masterclasses, ënnert anerem beim Arno Bornkamp, dem Alain Crépin an dem Jan van der Roost, perfektionnéiert.
Zënter September 2012 schafft hien als Remplaçant fir d'UGDA an huet de Poste vum Chef assistant vum Jugendorchester vun der Escher Musek, an deeër hien och als Saxophonist spillt.
Zanter dem September 2013 huet hien d'Direktioun vun der Käler Musek iwwerholl.