Schülerband

Eisen Dirigent vun der Schülerband de Marc Gillet

De Marc Gillet as den 11. Abrëll 1980 zu Diddeleng gebuer. Hien ass mat 7 Joer an Käler Musek gaangen, wou e beim demolegen Dirigent, Joël Sand , seng éischt Noute geléiert huet. E Joer méi spéit huet en Trompett ënnert dem Joël Sand am Conservatoire zu Esch geléiert, wou en och a Cours'e fir Solfège an Déchiffrage war. Vun 1988 bis 2000 huet en an der Musekschoul Diddeleng Cours'e fir Xylophon, Marimbaphon a Vibraphon beluet.

Am September 2000 ass en op d'University of Wales zu Aberystwyth englesch Studéiere gaangen. Op der Uni huet e vun 2000 bis 2003 a verschidde Formatioune Musek gespillt, ënnert nerem an der  Aberystwyth University Wind Band, der Aberystwyth Silver Band (eng walisech Brass Band), dem Sinfonieorchester Philomusica of Aberystwyth, an engem Musical Orchester. Vun 2003 bies 2004 huet en e Master of Arts an englescher Literatur op der Sussex University zu Brighton an England ofgeschloss.

Nom Studium huet en nees ugefaange regelméisseg an de Reihen vun der Käler Musek Trompett ze spillen.

E schafft haut als Engleschprof am Lycée Hubert Clement zu Esch. Zënter 2010 dirigéiert en d'Käler Schülerbad.

Zënter 2012 ass heen Trompettist bei der Nobby Dixie Band, mat dir en eng sëllechen Optrëtter huet.