Eng Rees duerch d'Geschicht vun der Käler Musek

 

1938 - 1988


Mat Ausbroch vum 2te Weltkrich, kuerz no eiser 100-jähreger Onofhängegkeetsfeier, huet eng schlëmm Zäit fir eist Ländchen ugefaang. Wéi no der Evakuatioun déi Käler Leit nees an hir Haiser zeréckkomm sinn, hunn sie en zimlechen Duercherneen virfonnt, an eis Museksgesellschaft ass och net dovu verschount bliwwen. Am Museksall haten en etlech Raudien sech u Nouten an Instrumenter vergraff. D’Noute louche verspreet ueter de Sall a 27 Instrumenter ware ganz verschwonnen. Mee domat net genuch. Eisen däitschen Noperen hir sprëchwiertlech “Gründlichkeit” ass äis jo all e Begrëff, an esou kënne mer äis gudd virstellen, si hunn sech ëm alles a jiddereen gekëmmert. Näischt ass dem Zoufall iwerlooss ginn. Fir d’Veräinswiese war vun elo un e “Stillhaltekommissar” zoustänneg, d’Käler Musek krut d’Konte gespaart, war de Launen vun  der “Gesellschaft für Literatur und Kunst” ausgeliwwert an huet vun elo un eng Erlabnis fir all Méigleches gebraucht. Als interessant Beispill hu mer an eisen Archiven vun der uewe genannter Gesellschaft dat heite Schreiwes fonnt :

 

 



Gesellschaft für
Literatur und Kunst


Luxemburg, den 23. Oktober 1942

Poststrasse, 20


An die
Vereinsführer der Muskvereine
Des Gebietes
Luxemburg

 
 

Betr. Spielen des Hämmelsmarsches


Wir teilen Ihnen mit :
 


1.)    Das Spielen des Hämmelsmarsches anlässlich der Kirmes- und nur bei diesem Anlass- ist erlaubt.

2.)    Ist eine Geldsammlung beim Spiel beabsichtigt, so fliesst der einkommende Betrag ganz dem WHW zu. Der Vereinsführer hat sich im Voraus mit dem zuständigen Beauftragten für das WHW in Verbindung zu setzen. Dem Beauftragten für das WHW ist es dabei überlassen, dem Verein für sein Spiel einen Zuschuss in seine Kasse zu zahlen oder sich den Spielern gegenüber sonstwie erkenntlich zu zeigen.

3.)    Der Vereinsführer ist voll verantwortlich für die s{o}nngemässe  Durchführung obiger Bestimmungen.

Damit steht ein alter luxemburger Volksbrauch in Zukunft im Dienste der Allgemeinheit. Wir erwarten von den Vereinen, dass sie von dieser Erlaubnis Gebrauch machen, und gerne die Gelegenheit ergreifen, diesen Brauch in den Dienst einer guten Sache zu stellen.
 
 

In diesem Sinne begrüssen wir sie mit
 

                                    
Heil Hitler !

GESELLSCHAFT FUR

LITERATUR UND KUNST
 





Vun elo un gouf d’Käler Musek an déi däitsch Propagandamaschinerie agebaut. Si krut virgeschriwwen u verschidde Manifestatiounen deelzehuelen, däitsch Marschmusek ze spillen an, fir allen Ausrieden entgéingt ze wierke, kruten sie d’Noute gratis zur Verfügung gestallt.

Esoubal nees Fridden am Land war, konnt och an der Musek erëm méi optimistech an d’Zukunft gekuckt ginn, an ouni Zäit ze verléieren gouf sech nei opgestallt an d’Freed un der Musek huet sech op en Neits duerchgesat. E grousst Evenement fir Kayl war ouni Zweifel wéi 1953 d’Käler Léiffrächen hiren 200-jährege Jubiläum an hir Kréinung gefeiert huet. D’Feierlechkeeten hunn eng Woch laang gedauert, a vum 19. bis de 26. Juli sinn d’Leit vu Kayl an aus der Emgéigend bei d’Grotte gepilgert. Souguer d’Lëtzebuerger Guiden hunn hiren Nationalcamp zu Kayl ofgehalen.

D’Feierlechkeeten ware knapps eriwwer, do ass d’Gestreits ënnert de Musikante schonn erëm ugaangen. D’Meenungsverschiddenheete waren esou grouss, datt et um Enn vum Joer zum Broch komm ass, de ganze Comité huet demissionéiert, an eng handvoll Rabbelkäppercher hunn e Veräin am Veräin gegrënnt, deen ënnert dem Numm “Les amis de la musique” op der Gemeng Statuten hannerluecht huet. Och wann ee vun hinnen ni méi eppes héieren huet, haten sie dach vill Schiebele gemach. Knapp 28 Musikante waren iwwreg bliwwen an hunn ënnert der Presidentschaft vum Buergermeeschter M. Meylender an der Direktioun vum R. Hartert en neien Ufank gewot.

Den Erfolleg ass net ausbliwwen an esou konnten sie am Mai 1958 vum UGDA Concours zwee éischt Präisser mat heem huelen a sinn domat an d’Grupp “Exellence B” komm.

Vun elo un huet d’Musek e puer roueg Joeren erliewt an esou konnt een an enger gudder Stëmmung de 75. Gebuertsdag an Ugrëff huelen an organiséieren. Op der Bréck laanscht d’Bunn gouf e grousst Zelt opgeriicht a vum 8. bis de 16. Juni 1963 hu Concerten, Cabaret an Danzowender fir gudd Stëmmung am Duerf gesuergt. Als Ofschloss gouf de 16. Juni no engem imposanten Emzuch dee 4. Fändel an der Veräinsgeschicht am Festzelt ageweit.

An dëser Zäit war de Veräin musikalesch op engem héigen Niveau an esou fanne mer an den Archiven e puer Auszeechnungen déi besonnesch an d’Ae stiechen, ewéi op den UGDA’s Concoursen d’Erreechen vun der “Division Excellence”. Ennert dem onermiddlechen Asaz vum Dirigent René Hartert koumen déi houfreg Musikanten 1968 matt engem “premier prix lecture à vue avec distinction” a “premier prix d’exécution avec distinction” vun Dikrech heem, en Erfolleg deen si nach e puer mol widerholl hunn.

No 52 Joer Dingschter an der Musek huet de President M. Kerschen 1975 säin Amt un de G. Gengler weiderginn, deen awer nëmmen e Joer bei der Staang bliwwen ass. E Joer drop huet deen deemolegen Dirigent R. Hartert no 20 Joer voller Begeeschterung fir d’Käler Musek den Dirigentebengel definitiv néiergeluecht. Elo huet de Vize-President W. Lehnert zesummen mam Sekretär J. Simon d’ Musek geleet, bis 1977 de M. Mille d’Presidentschaft an de J. Asselborn den Dirigenteposten ugeholl hunn. Elo war d’Equipe erem komplett a voller Elan huet d’Musek  sech weiderentwëckelt.

Um Enn vun de 70er Joeren sollt d’Bild vun der Musek awer komplett änneren, an esou liese mer am Keessebuch datt 3 Fraleitsuniformen fir Patrizia Battistella, Diane Leardini a Marie-Jeanne Speider bestallt goufen. D’Sensatioun vun deemols ass haut net nëmmen eng Selbstverständlechkeet mee en absolute “must” fir d’Musek iwerhaapt nach um Liewen ze halen. Déi 3 Meedercher goufe gefrot ob si léiwer Kapen oder Schëffelcher droe géifen, a mat 2/3 Majoritéit si vun elo un niewent “Kapen” och “Schëffelcher” am Cortège mat marschéiert a Richtung “Honnert Joer Käler Musek”.
 
Dräi Joer virun deem groussen Evenement huet de Fred Coullen als President vum neigegrënnten Organistiounscomité 15 Leit ronderëm sech versammelt fir dat grousst Fest ze plangen an ze organiséieren. Fir déi enorm Aufgab ze meeschteren goufen eng Redaktionskommissioun, eng Finanzkommissioun, an eng Programmkommissioun an d’Liewe geruff. Fënnef Pätteren a fënnef Giedelen goufe sech eens fir d’Frais’en vun engem neie Fändel ze iwwerhuelen – dee 5ten an der Veräinsgeschicht.

Esou opgestallt hunn si dräi Joer laang en enorme Pensum un Arbecht hannert sech bruecht fir der Käler Musek zwou Woche laang, vum 1. bis de 16. Oktober 1988, eng Gebuertsdagsfeier ze schenken wéi d’Duerf se bis dohinner nach nët gesinn hat. Zwou Woche laang hun déi verschidden Aktivitéiten am groussen Zelt op der Friddensplaaz ganz vill Leit ugezunn an esou war et dem Organisatiounscomité deemols méiglech der Käler Musek déi onwahrscheinlech Zomm vun enger Millioun Frang ze iwwerreechen.

President M.Mille a Caissier R. Bellomi waren der Meenung dat wier genau dee richtege Moment fir enger neier Equipe d’Rudder ze iwwerloossen a si hunn no zwielef a respektiv drësseg Joren hier Posten niddergeluecht. De Sekretär J. Simon gëtt neie President, de P. Harpes këmmert sech em d’Schreiwereien an den E. Huberty kritt eng gudd gefëllte Kees ze géréieren.