Eng Rees duerch d'Geschicht vun der Käler Musek

 

Ët geet nees biergop…

 

Am Joer 1919 war et dann endlech esou wäit, déi nei vereenegt “Harmonie Caecilia” huet en neien Ulaf geholl. Den E. Dondelinger huet eng zweete Kéier d’Leedung vun der Musek iwwerholl an deen iwweraus beléifte Militärmuseker, dee bei de Musikanten als “Papa Klein” bekannt war, huet an dësem Joer, no 18 Joer Dingscht, den Dirigentebengel weiderginn.

An deenen nächste Joeren stung d’Musizéieren am Mëttelpunkt an esou war et och net verwonnerlech datt d’Käler Musek regelméisseg an der “Division Supérieure” un den UGDA Concouren deelgeholl huet.

E weideren Héichpunkt am Duerfliewen gouf et 1927, wéi d’Käler Musek zesumme mat der ganzer Bevëlkerung den neie Kiosk um Widdem ageweit huet. D’Feierlechkeeten hunn zwee ganzer Deeg gedauert an hunn hiren Ofschloss mat engem Freedefeier fonnt.

Elo war d’Käler Musek zolidd opgestallt, a mat vill Elan an Asaz huet si am Joer 1938 hiren éischte grousse Jubiläum gefeiert : “50 Joer Harmonie Ste Cécile”. An der Veräinschronik  liese mer iwwer eng duerchaus gefëllte Woch mat enger ganzer Rëtsch vun Aktivitéiten ewéi : Concert, Fakelzuch a flott Owender. Sonndes, den 3. Juli ass en imposanten Ëmzuch duerch d’Stroosse vu Kayl gezunn, un deem net manner ewéi 62 Veräiner a Museksgesellschaften deelgeholl hunn. Als Ofschloss gouf um Kiosk um Widdem e fonkelneie Fändel ageweit.